Alles Leben ist Bewegung.
Dort wo Bewegung gestört ist, beginnt Krankheit. 

A. Taylor Still- Begrenner vun der Osteopathie

Wat ass Osteopathie? 

Osteopathie ass eng alternativmedizinesch, douce an manuell Therapieform déi op dem Grondsaz baséiert dass all Struktur vum Kierper mateneen an Verbindung steet. Des Therapiemethode huet als Ziel den Kierper erem an d' Balance ze brengen, Bewegungsaschränkungen opzeléisen an dem Kierper seng Selbstheelungskräften ze aktivéieren. 

Si berout op véier Prinzippien:


  • Viszeral Osteopathie: konzentréiert sech op d' Organer an der hier Beweeglechkeet, des kann duerch Erkankungen oder Vernarbungen gestéiert sinn. D' Viszeral Osteopathie heleft zum Beispill bei chroneschen Verdaungsproblemer, Otemproblemer, ...


  • Parietal Osteopathie: bekemmert sech em Problemer um Beweegungsapparat wei zum Beispill bei Lahmheeten, Blockaden, Feelstellungen...


  • Fasziale Osteopathie: Faszien sinn en Netz aus Bindegewebe déi all Strukturen am Kierper emhüllt. Faszienverklebungen kennen duerch Schounhaltungen, Verspanungen, Trauma' en an Vernarbungen entstoen.


  • Kraniosakrale Osteopathie: bezitt sech op d' Verbindung vum Schädel, Wirbelsail an Sakrum an léisst Blockaden an dem Bereich. Des kann helefen bei neurologeschen Problemer an Problemer am Bereich vum Kiefer an Schädel.