Vanessa Reiffer- Déierenkiné an Déierenosteopathin
Déieren hunn an mengem Liewen nach ëmmer eng grouss Roll gespillt. Seit ech 4 Joer aal sin, wousst ech dass ech späider eppes weilt mat Déieren machen. Déierenphysiotherapie hunn ech duerch eisen Border Collie Lucky kennengeléiert den 2015 en Bandscheiwenvirfall hat, den konservativ also mat Physiotherapie huet missen behandelt gin. No mengem Ofschloss hunn ech zwee Joer an enger Déierenkiné Praxis zu Letzebuerg geschafft an hunn mech dun 2020 entscheed mech mat enger eegener Praxis zu Käerjeng selbststänneg zemachen.
Menger Meenung no kann een ni genuch wëssen dofir besichen ech regelmässeg Fortbildungen:
2024- das Lumbo Sakrale Syndrom ( Dr. Evelyn Kusan, Susanne Schmitt, Corinna Szperling)
2023- Grundlagen Kinesiologisches Tapen Hund ( Traute Schmidt)
2023- Neurophysiotherapie ( Traute Schmidt)
2021-2022- Ausbildung Pferdeosteopathie ( Akademie für Tierheilkunde)
2022- Neurophysiotherapie Intensivtage ( Anne Meinel)
2022- Hundeosteopathie ( Akademie für Tierheilkunde)
2022- Vestibularsyndrom beim Hund (Traute Schmidt)
2022- Befunderhebung in der Physiotherapie (Anne Meinel)
2022-Therapieplan Kreuzbandriss beim Hund (Anne Meinel)
2021- Behandlung der Wirbelsäule (Anne Meinel)
2021- Therapieplan Kreuzbandriss (Anne Meinel)
2020- Cauda Equina Syndrom ( Dr. Petra Walter)
2020- Querschnittslähmung beim Hund (Dr. Petra Walter)
2019- Seminar Dorntherapie Hund (Susanne Schmitt)
2018- Seminar artgerechte Pferdefütterung (Elvi Scheffler)
2017- Blutegeltherapie am Tier ( Tamara Alonso)
2017- Stage d´initation au shiatsu équin
2017-2019- Ausbildung Tierphysiotherapie (Regu- Vet)
2017- Abitur
Natascha Sadler- Déierenkiné
Ech sinn d Natascha, vun Klengem un sin ech eng grouss Frendin vun den Päerd an den Hënn.
Fir mech stoung schonn ëmmer fest, dass ech och berufflech mat Déiere well schaffen an esou ass et dozou komm, dass ech am August 2022 meng Ausbildung an der Physiotherapie fir Hënn a Päerd bei der „ATM - Akademie für Tiernaturheilkunde und Tierphysiotherapie“ ugefangen hunn. Dës hunn ech am Dezember 2024 erfollegräich ofgeschloss.
Elo freeën ech mech Iech an Ären Déiere kënnen ze hëllefen, sief et bei klenge Bobo‘en oder fir no gréissere Verletzungen erëm op d‘ Been ze kommen.
Fortbildungen:
2025- ..... Tierosteopathie ( ATM-Akademie für Tierheilkunde)
Lisa Juchem- Déierenkiné
Säit Klengem un, hunn ech mech ëmmer fir Déieren interesséiert, hat ëmmer schonn eegen Déieren a war fest entschloss spéider eppes mat Déieren ze schaffen.
No laangem Sichen wou ech meng Ausbildung mat alternative Behandlunsverfahren kéint maache sinn ech dunn ob "Akademie für Tiernaturheilkunde" (ATM) vu Bad Bramstedt gestouss, wou ech am Juni 2021 meng Ausbildung als Physiotherapeut fir Hond a Päerd ugefaangen hunn.
Säit Enn 2023 kann ech mech also lo diploméiert Physiotherapeutin fir Hond a Päerd nennen.
Fortbildungen:
2025-Kinesiologisches Tapen für Hunde